Den Frank Engel iwwert seng Aarbecht am Europaparlament, méiglech Neiwahlen zu Lëtzebuerg, d'Debatt iwer Ungarn an d'Kris an Griicheland

"D'EU ass mat Sécherheet net Schold um finanzielle Misère, an deem mer den Ament an der Unioun an och zu Lëtzebuerg sinn."

Dat sot de Frank Engel en Dënschdeg an der Mëttesstonn op RTL Radio Lëtzebuerg.

Den CSV-Europadeputéierte mengt, ouni d'EU wiere mer erëm an der Logik, dass sech een europäesche Staat vis-à-vis vun deem anere wëll staark maachen.

Wat eventuell virgezunnen Neiwahlen zu Lëtzebuerg ugeet, sot de Frank Engel, mir wieren elo an enger Phas, an där vill Leit d'Impressioun hunn, dass se der Politik net méi kënnen trauen.

Et wier da vläicht gutt mam Wieler iwwert d'Ëmstänn ze schwätzen.

Neiwahle wiere weder ee Skandal, nach ee Verbriechen, mä de Wee, fir aus der verfuerener Situatioun eraus ze kommen.

(source: RTL)

 

De Link zur Emissioun vum Mëttesjournal vum 25.Juni 2013 fannt dir hei ënnendrënner; den Interview fänkt bei Minutt 14.55 un.

 


Frank Engel

Député européen

Né le 10 mai 1975, Luxembourg

Groupe du Parti Populaire Européen
(Démocrates-Chrétiens)
Membre du bureau

Luxembourg
Parti chrétien social
luxembourgeois

Biographie

Suivez Frank Engel :

  • YouTube
  • Facebook