Ech sinn de Frank Engel. Gebuer den 10. Mee 1975 an der Stad, opgewuess
zu Dikrech an nees an d'Stad wunne komm. Ech hunn den Dikrecher
Kolléisch gemaach an Droit studéiert, hu mech fréi politesch
engagéiert, dertëschent nach eng juristesch a politesch Zäitschrëft
erausbruecht an sinn iwwer e puer weider politesch Statiounen an
d'Europäescht Parlament gewielt ginn. Do blouf ech 10 Joer, bis ech
mech als gewielte President vun enger gréisserer Lëtzebuerger Partei
wollt ganz ëm déi këmmeren - wat féirend Leit bannent däer awer net
esou wollten. D'Moral vun der Geschicht: no enger Denonciatioun beim
Parquet a mengem Parteiaustrëtt koum et Enn 2021 zu mengem Fräisproch
op der ganzer Linn an Ufank 2022 zur Grënnung vun enger neier Partei:
FOKUS. FOKUS féieren ech elo als Spëtzekandidat an d'Chamberwalen den
8. Oktober. Mir huelen un dëser Chamberwal deel, well mer wierklech
Verännerungen am a fir d'Land a seng Leit wëllen.
Ech sinn iwregens dee richtege Frank Engel. Et twittert do een, dee
mäi Numm benotzt. Ech hu keng Anung, wien dat ass, an hei ans do ass
hie ganz originell (wann et een „hien" ass), mee ech mengen,
d'Original wir awer ëmmer besser. Och duerfir: dëse Blog sinn ech. Op
Twitter (oder haut X) sinn ech net.
Well ech gäer schreiwen, hunn ech mer geduecht, ech wéilt déi lescht
Woche vun der Campagne mat e puer Texter begleeden: Iwwerleeungen zur
Politik, Betruechtunge vum Dag, Ausenanersetzunge matThemen, déi de
Walkampf ausmaachen. Wat e eschreift, bleift, soen se - an dat soll och
esou sinn, well de Walkampf 2023 net just fir Lëtzebuerg, mee eben och
fir mech ganz perséinlech, ee ganz wesentleche Moment ass. Et ka sech
alles änneren, oder guer näischt, et kann ee ganz komplizéiert
Resultat ginn oder ee méi einfacht an däitlecht, jee: dës Wale si
speziell. An dat, wat mech virum 8. Oktober all Dag beweegt, wëll ech
hei deelen.
Jo, ech si Kandidat an ee Kandidat wëllt gewielt ginn. Duerfir wäert
ech dacks „an eegener Saach" schreiwen. Et sollen awer och
Betruechtungen zu deenen anere Kandidaten, Parteien a Theme ginn, déi
an dëser Campagne derbäi sinn - ëmmer am Respekt virum politesche
Géigner, well deen ass kee Feind, mee just ee Konkurrent. Mat
politesche Konkurrente soll een esou ëmgoen, wéi mat deenen am Sport -
fair. Dës Wale verspriechen, sportlech ze ginn. Et ass am Fong esou
spannend, wéi scho laang net méi!