Frank Engel

Frank Engel

Spëtzenkandidat

FOKUS brauch Är Stëmmen!

lundi 2 octobre 2023

Ech héieren a liesen, datt Leit sech soen: wann's de déi do wiels, da stäerks de Gambia. Also, net dat westafrikanescht Land, mee d'Koalitioun aus DP, LSAP an déi Gréng. Dat ass net wouer. Am Géigendeel.

D'Koalitioun gëtt just gestäerkt, wann een hir Membere stëmmt. Wann ee FOKUS stëmmt, kritt ee FOKUS. A mat eis an der Chamber gëtt egal wéi eng Regierung ee gutt Stéck besser kontrolléiert, wéi dat elo de Fall ass.

Ech hu keng Anung, wéi enk d'Resultat e Sonndeg gëtt. Et ka gutt sinn, datt et fir näischt zu zwee duer geet, oder esou just, oder eben esou just fir d'Koalitioun. Eis NET ze stëmmen, hëlleft also NET. Et hëlleft deenen net, déi de Regierungsdräier wëllen ofléisen, an et hëlleft deenen net, déi eis gären an der Chamber hätten.

Mir hunn ëmmer gesot, an ech widderhuelen et: sollt et op eis ukommen, si mir bereet, fir mat anere Parteien ze schwätzen an ze verhandelen. Kënnt et net op eis un, geet et fir eng Koalitioun zu zwee oder zu dräi ouni eis duer, géife mer gär am Parlament op d'Politik awierken an eise Programm do an d'Institutiounen abréngen.

Wee FOKUS wëllt, muss FOKUS wielen. Well ouni eis an der Chamber gëtt guer näischt besser.