Frank Engel

Frank Engel

Spëtzenkandidat

Fir d'Handwierk!

mardi 3 octobre 2023

Gëschter hate mer Walversammlung zu Bartréng, nees eng Kéier mat intresséierte Wieler, déi net scho bei eis an der Partei sinn. Dat u sech ass schon flott - bei deenen anere kanns de déi "normal" Wieler, déi net Kandidat oder Member sinn, eigentlech ëmmer op enger Hand zielen, bei eis brauch een der e puer :)

Niewent Froen, déi dacks erëmkommen, Logement, Sécherheet, war et gëschter esou, datt d'Handwierk eng ganz prominent Stellung hat. Dat entsprécht absolut eiser Programmatik - och do, wou mer soen, datt fir d'Orientéirung an déi Richtung, an och a Richtung vun de Fleegeberuffer, eise biergerlechen Déngscht eng grouss Roll ka spillen.

D'Handwierk brauch Orientéirung, konsequent Promotioun, an entspriechend Ausbildung bis op een héige Niveau. Anescht wéi Veräiner, fir déi den Asaz sech drop reduzéiert, datt ee Meeschterbréif soll mat engem Bachelor gläichgestallt ginn, wëlle mir allen Handwierker nei Perspektive bidden. Meeschter=Bachelor déngt der Majoritéit vun den Handwierker näischt, an ass och just nees eng Geldfuerderung, déi just beim Staat eppes heescht. Mir mussen ewech vun der penibler Bedéngung vun den Eegenintresse vun e puer Leit, déi eng bestëmmte Plaz net kruuten, well se keen Diplom hunn. Mir brauchen ee breede Mouvement vu gesellschaftlecher Unerkennung fir handwierklech Beruffer an Aktivitéit!

Ech hu scho schrecklech vill méi dacks een Handwierker gebraucht, wéi een Handwierker mech. An et ass eng nobel Saach, Schräiner, Elektriker, Schlässer ze sinn - oder eppes ganz anescht am handwierkleche Beräich. Mir hätte gär, datt d'Gesellschaft d'Handwierk net just respektéiert, mee datt Jonker a grousser Zuel Intérêt um Handwierk mat op de Wee kréien. An sech fir eng handwierklech Carrière entscheeden. Dat geet just, wa mer eis eens sinn, datt een Handwierk näischt manner ass, wéi een Unisdiplom. Datt et och kann een Unisdiplom sinn, ass eng aner Pist - awer just eng vun hinnen.