Frank Engel

Frank Engel

Spëtzenkandidat

Firwat am Fong keng Fra?

mercredi 4 octobre 2023

Gëschter an der Debatt tëschent deene véier "grousse" Spëtzekandidaten an -innen war et nees Thema: gëtt eng Fra Premierministesch zu Lëtzebuerg? Ech fannen ëmmer méi, datt et duerfir Zäit géif.

Do geet et jo ëm ee Symbol an och ëm ee Prinzip: natierlech soll eng Fra endlech emol an der héchster politescher Funktioun vum Land ukommen. Eng Chamberpresidentin gouf et schon - allerdéngs och just eng! - eng Staatsministesch nach net. An et geet natierlech drëm, ob dann eng Fra do ass, déi dat gutt géif maachen. Ech mengen, souwuel d'Paulette Lenert wéi d'Sam Tanson kéinten dat. A wéi an den Debatten däitlech gëtt: wuel och nach besser wéi d'Spëtzekandidate vun CSV an DP.

Ech sinn zimlech sécher, datt déi zwou Fraen een éierleche Wëllen hunn, fir d'Land zum Besseren ze veränneren. An dorëms geet et. Meng Partei wëllt dat och, FOKUS ass genee duerfir gegrënnt ginn. Mir géifen duerchaus där éischter Fra un der Spëtzt vun der Regierung wëllen derbäi hëllefen, datt d'Liewen zu Lëtzebuerg a rondrëm fir déi gréisstméiglech Zuel vu Leit besser gëtt, wéi et haut ass.