Frank Engel

Frank Engel

Spëtzenkandidat

Sachlech Debatt

jeudi 5 octobre 2023

Gëschter hunn de Sven Clement an ech eis dee leschten RTL-Tëlee-Face-à-face vun der Walcampagne geliwwert. Eng agreabel Diskussioun, och well mer an der Saach net himmelwäit ausernee leien.

Et ass schrecklech frustrant, datt eenzel Parteien, déi och scho laang regéiert hunn, a Saache Logement nu iwwerhaapt keng Iddien hunn. Op jidde Fall keng, déi de Problem kéinte léisen. E bëssen un de Steieren dréien, a scho geet et? NEEN, dat geet net, an dat hu mer elo 30 Joer laang erlieft!

Ech hoffen, datt mir eis Iddien nom Sonndeg kënnen an den Institutiounen abréngen. Ganz éierlech: dat wir gutt fir d'Land. An all déi, et sinn der schrecklech vill, déi d'Flemm mat der Politik hunn, well einfach näischt geschitt, kéinte mat enger Stëmm fir eis ee wichtegt Zeeche setzen. De Stëllstand muss iwwerwonne ginn. Dat huet näischt mat der Zuel vun de Parteien an der Chamber an an der Regierung ze dinn, mee domat, datt se ee Projet hunn. Mir hunn deen.