Frank Engel

Frank Engel

Spëtzenkandidat

Leschten Effort

jeudi 5 octobre 2023

Am Fong hu mer jo all d'Impressioun, et géif Zäit, datt et Sonndeg gëtt. Net, well da fräi ass, mee well endlech gewielt gëtt. Jo, och d'Kandidate freeën sech drop, datt et Sonndeg gëtt. Mee irgendwéi huet een ëmmer d'Impressioun, et misst een awer nach irgend eppes weider maachen, eppes méi, eppes, wourun een nach net geduecht hat...

Ech weess net, wéivill Wielerinnen a Wieler sech am allerleschte Moment entscheeden. Kéint een déi elo nach mat irgend enger spannender Aktioun erreechen? Een Drëttel vun hinnen hu wuel scho gewielt, Bréifwal ass och dës Kéier nees hei am Kurs. An dee leschten Drëttel entscheed sech anscheinend ganz spéit...quasi an der Walkabin. Also musse mer nach eppes maachen :)

Et ass Donneschdeg owend. Et bleiwen eppes iwwer 50 Stonnen, fir nach Wieler ze iwwerzeegen. Muer de Moie kann ee mir, wann ee wëllt, nach eng Kéier bei RTL um Radio nolauschteren, an engem face-à-face mam Roy Reding. Duerno sinn ech zu Esch um Maart, e Samsdeg op deem an der Stad. Duerno, e Samsdeg vun 10 Auer un, maache mer nach ee ganz laange facebook-live mat ville Kandidaten, op amüsant Manéier...an da gëtt et Sonndeg. Wien es nach net genuch huet, ass séier wëllkomm, eis op de leschte Metere vun der Campagne ze begleeden!