Frank Engel

Frank Engel

Spëtzenkandidat

Vote utile

vendredi 6 octobre 2023

Lescht Debatten, lescht Stänn, lescht Mäert...et si keng 48 Stonne méi, bis mer eng éischt Iddi hunn, wéi dës Wale verlaf sinn.

Fir Fokus ass dëst déi éischt Chamberwal, fir mech selwer och. Dat ass schon eppes Spezielles. De Feedback ass gutt, mir hu keng Feeler an der Campagne gemaach, eis Optrëtter si gutt ukomm. Et gëtt ee Probleem, an deen heescht op franséisch "vote utile".

Neen, et MUSS ee NET CSV wielen, wann ee wëllt eppes anescht wéi dat, wat elo Majoritéit ass. Wann ee Fokus gutt fënnt, eis Leit, eis Iddien, da muss een eis an d'Chamber wielen. Da muss een esou wielen, datt Fokus Handlungsspillraum a Gestaltungsméiglechkeete kritt. Ouni Fokus an der Chamber ännert am politesche Spill guer näischt. A ganz éierlech: et ass dann och egal, ob deen hei mat deem do oder deen do mat deem aneren oder irgend ee mat nach zwee regéiert.

Fokus ass ee politesche Projet, mat deem mir d'Politik zu Lëtzebuerg wëllen zum gudde veränneren. Fir datt dat eis geléngt, musse mir an d'Chamber kommen. Ob déi regéieren, déi dat elo 10 Joer ouni risegen Erfolleg maachen, oder déi, déi et virdrunn ouni nennenswäert Leeschtung gemaach hunn, ass net d'Fro. D'Fro ass: huet Fokus an der Politik vun de nächste Joeren, op däer enger oder däer anerer Plaz, eppes mat ze soen? Kënne mer ufänken, eise Projet emzesetzen? Ech wéilt, mir kéinten!